Haut am MediaMarkt um Belval gesinn. Wéinst menger kënnen se 24h/7 Deeg ophunn. Ech ginn net méi dohinn. Do trauen ech dem Internet esou guer méi.
[#]mediamarkt #arnaque
=> More informations about this toot | More toots from romainbecker@mastodon.opencloud.lu
@romainbecker Wéi elo? Ass jo alles korrekt oder?
Edit: Ah, um e-ink Präisschëldchen hätt sollen deen ale Präis stoen? Dat wier IMHO däitlech méi irreführend, well bei elektronesche Schëlder kënnt ee jo net onbedéngt op d'Iddi, dass déi net aktuell kéinte sinn.
=> More informations about this toot | More toots from hambier@mastodon.opencloud.lu
@hambier Ech muss soen, dass ech dat Präisscheld riets fir dat vun virun de Solden gehalen hunn. Ech wosst bis elo grad net, dass et eppes ewéi en e-ink Präisschëld géif ginn. Ech hunn dat Schëld fir e Pabeierschëld gehalen.
Esou wéi et ausgesäit ginn ech net oft genuch akafen, déi Entwécklung do hunn ech wuel 20 Joer verpasst. 🧑🦳
Trotzdem....
=> More informations about this toot | More toots from romainbecker@mastodon.opencloud.lu
@romainbecker Hm, mat Sécherheet kann ech et och net soen (Elektronik kafen ech eigentlech just nach online, eemol souguer am Mediamarkt.lu....), mee de Manktem u Kontrast an dass et an enger Rumm montéiert ass hunn et fir mech zu e-ink gemaach. Där gesäit een tatsächlech ëmmer méi. Wéi kann ee soss 3mol den Dag d'Präisser änneren 🙄
(edit: den emoji ass natierlech op d'Geschäftspraktike gemënzt, net dass dat falsch verstane gëtt.)
=> More informations about this toot | More toots from hambier@mastodon.opencloud.lu
@hambier 😄 Dat hunn ech verstanen.
=> More informations about this toot | More toots from romainbecker@mastodon.opencloud.lu This content has been proxied by September (3851b).Proxy Information
text/gemini